Eisen Dirigent:

 
 
GÖRGEN FABIAN

dirigent[at]harmony.lu

 

 

Ech sinn am Saarland gebuer a meng éischt musikalesch Erfarunge sammelen ech um Keyboard, um Piano, um Saxofon an op der Klarinett. Schliisslech hunn ech mech fir d’Trombone entscheet.

 

 

Beim Bund Saarländischer Musikvereine (BSM) hunn ech 2015 meng C-Dirigentenausbildung ofgeschloss. Op der Hochschule für Musik Mainz hunn ech Trombone a Piano studéiert an mech och mat Ensembelleedung beschäftegt. Mäi Masterstudium am Fach Trombone hunn ech 2022 op der Hochschule für Musik und Tanz Köln ofgeschloss.

 

 

Zënter 2025 enseignéieren ech Trombone, Piano a Solfège an der École de Musique de l’UGDA. Bei der jonker Brassband BRASSers spillen ech Bass-Trombone. Och mat aneren Orchestere sinn ech reegelméisseg an der Groussregioun aktiv a trieden och a grousse Concertssäll op. Am September 2026 hunn ech d’Leedung vun der Réimecher Musek iwwerholl an freën mech op eng flott Zäit voll mat Musek! 

 

 

„Musek mécht Spaass – zesumme mécht se nach méi Spaass.“