Wëllkomm bei der
Réimecher Musek!
Harmonie Municipale 'Concordia' Remich a.s.b.l.

Cavalcade

  • Wann
    Sonntag 30.03.2025 14:30 - 18:00
  • Ort
    Esplanade Remich
  • Typ
    Aktivitéit
  • Teilnehmer
    Musikanten, Dirigent, Komitee, Fähnerich, Komitee-Anniversaire
  • Text

    Eit Thema as dest Joer:  "150 Joer, a kee Spoun al"

    Dofir hu mir eis iwwerluecht fir eis mat "alem Gezei" ze verkleeden. De Genre vum Gezei soll bëssen sou si wéi d'Leit sech ëm 1900-1950 ugedoen hunn (zB. fir Fra: geblummelt Jupe/Räck oder Blouse mat Geschnörkels,..., fir de Mann: Kostüm mat Aufnäher un der Ierlbéi,...). Fir dass mir awer een Artikel gemeinsam hunn an als Grupp erkannt ginn, hu mir Hit bestallt.

     

     

    Bei Froen zum verkleeden einfach beim Jill, Monique oder Carmen mellen.

     

     

     

    Et wär och wichteg wa mir nach deen een oder aaneren Musikant keinten motivéieren eis ze hellefen, dofir maacht w.e.g. Rekalmm bei ären Koleegen, da gett daat nach vill méi flott :)

    Soot w.e.g. dem Alain Fil (dirigent@harmony.lu) bescheed wann dir ee fonnt hutt dee well matgoen, dass hien Nouten etc ka prepareieren. MERCI :)

     

    Den Depart as um 14h30 beim "Kinderheim" ob der Esplanade. Dofir misst jidereen um 14h00 do ob der Plaz sin fir dass pünktlech alles prett as.

     

    ZELTFEST

    P.S. Wei et am Breif och geschriwen as wäre mir frou wa mir zu zahlreich am Zelt giffen hellefen, an eppes fir eis Keess maachen. (mir haaten lo e puer Investitiounen an eisen Uniformen, an och si mir um kucken eent oder daat aaner Instrument ze kaafen/ersetzen) MERCI.

    Dir kennt iech op follgendem Link umellen: https://cavalcade-remich.lu/zelt/ oder beim Jill respektiv op secretariat@harmony.lu.

    Déi zwee läscht Joer ware mir ee vun de Veräiner, deen am meeschte Stonne geschafft huet an deemno krute mir  ee grousst Stéck vum Kuch (+-1500€ pro Joer). Dofir géife mir eis och dëst Joer freeë wa mir puer Leit zesumme kréie fir ze hëllefen.

    Als klenge Reminder: Fir Jiddereen deen am Numm vun der Réimecher Musek an a ronderëm Zelt hëlleft, kritt eise Veräi pro Stonn en Deel vum Benefice vum Weekend.